D’Majoritéit vun de Coordinateuren an där Kommissioun wier zum Schluss komm, datt d’Ännerungen am interne Reglement vum Parlament, déi den ADR-Politiker proposéiert huet, net kompatibel mam EU-Recht an dem Sproocheregimm an den EU-Institutioune sinn, sou de Sven Simon, de President vun där Kommissioun.
Enner deene Coordinateure waren d’Meenungen duerchaus ausernee gaangen. D’Vertrieder vun de Sozialisten, de Liberalen, de Gréngen an deene Lénke wieren nämlech prett gewiescht, der Demande vum Fernand Kartheiser nach eng Chance ze ginn an de Fall weider ze préiwen.
De Charel Goerens, DP-Europadeputéierten a Member vun der konstitutioneller Kommissioun ass awer net onzefridde mat der Konklusioun déi elo gezu gouf. Hie liest doraus:
"(…) datt et un de Länner ass, fir esou eng Demande eranzeginn. A wann d'Länner dat maachen, dee Choix treffen, da musse se och nach dono, fir datt et kann a Kraaft trieden, d'Unanimitéit hunn am Conseil."
Lëtzebuergesch gehéiert nun emol net zu de 24 EU-Sproochen, dorun erënnert den LSAP-Europadeutéierte Marc Angel.
"Dat huet och seng Grënn. Ech mengen eis Legislatioun zu Lëtzebuerg gëtt jo och op Franséisch geschriwwen."
Eege Fraktioun géint Fernand Kartheiser
De Sven Simon, President vun der Kommissioun fir konstitutionell Froen a Professer fir Droit hat dowéinst an engem eegenen Avis d’Konklusioun gezunn, datt et keng Méiglechkeet géif ginn, d’Reegele vum Parlament esou ze änneren, wéi de Lëtzebuerger ADR-Politiker dat proposéiert hat.
Där Meenung vum däitschen CDU-Politiker hu sech d’Vertrieder vun der Fraktioun vum Fernand Kartheiser, den Europäesche Konsvervativen a Reformer, genee ewéi vun de rietsextreme Patriote fir Europa ugeschloss.
Géintiwwer dem 100,7 huet de Sven Simon et net bedauert, datt hien an dëser Fro keng Majoritéit vun de pro-europäesche Parteien zustane bruecht huet. Et wier eng juristesch a keng politesch Decisioun.
De Fernand Kartheiser bleift dem President vun der konstitutioneller Kommissioun no nach d’Méiglechkeet, ee Rapport am Parlament op de Wee ze bréngen, an deem konkret eng Ännerung vun deem Reglement an domat d’Unerkenne vum Lëtzebuergeschen als EU-Sprooch gefrot gëtt. Hie misst dofir eng Demande maachen.
"(…) und dann muss die Mehrheit in dem Haus darüber entscheiden. Ob sie diesen Initiativbericht schreiben möchte und eben den Rat dazu auffordern, die Verordnung dahingehend anzupassen. Ich halte das nicht für völlig chancenlos."
Fernand Kartheiser hält u senger Initiativ fest
Ob den ADR-Europadeputéierte Wëlles huet, dat ze maachen, ass nach net kloer, sou de Fernand Kartheiser géintiwwer dem radio 100,7.
"Et gëtt Resistenzen am Parlament. U sech huet keen eppes géint Lëtzebuergesch. Dat ass net de Sujet. De Sujet ass, datt verschidde Memberstaaten intern Problemer hunn, mat Sproocherevendikatiounen an fäerten, wann elo mat Lëtzebuergesch hei en Duerchbroch kéint geléngen, datt dat eventuell Konsequenzen op hir Nationalsituatioun hätt."
Bis elo hätt keen "d'Dier zougemaach", fir Lëtzebuergesch an den EU-Institutiounen ze gebrauchen, sou och den ADR-Politiker. Hie wier "schrecklech toxkäppesch an dësem Dossier" a géif alles probéieren, fir Lëtzebuerg weider ze promovéieren. Et wier wichteg, datt déi Lëtzebuerger Regierung "endlech Initiativen hëlt", sou den Europadeputéierten.