D’Jéinescht gëtt dacks als Gauner- oder Lakertesprooch bezeechent, an hat seng Aflëss op eis Sprooch, wéi mir se haut kennen. D’Marie-Marthe Müller an de Romain Pansin hunn e Buch iwwer d’Jéinerten an hir Sprooch geschriwwen.
Wat si Lakerten?
De Romain Pansin huet sech säi ganzt Liewe mat der sougenannter Lakertesprooch beschäftegt a schwätzt se och mëttlerweil ganz gutt. Mee wie sinn d’Jéinen oder d’Lakerten, déi déi Sprooch geschwat hunn, iwwerhaapt?
“Déi si mat Ween, déi mat Laken iwwerzu waren, dat waren einfach Laibecher, keng Baatschen, wéi ee vun engem Camion oder sou eppes. Do ass Reen derduerch gaang, alles ass derduerch gaang. A si hunn ënner de Ween geschlof, an duerfir hu si deen Numm. Déi, déi ënner de Lak schlofen. Dat ass den Numm Lakert, well e Lakert ass kee Lompekréimer.”
1405 ass deen éischte Lakert op Lëtzebuerg komm. E gewëssene Goergen aus Éisträich, dee sech dunn hei bestuet huet. Esou hu sech no a no verschidde Lakerte-Famillen zu Lëtzebuerg entwéckelt.
E Sociolect
Lakerten hu vum Handel gelieft a sinn dofir och op sougenannten Toure gaangen. Déi konnte bis a Rumänien oder Bulgarie goen. Besonnesch mam Hauséieren, also beispillsweis bei Baueren heemzegoen an hinne verschidde Produite wéi Knäipercher unzebidden, war dat och e lukratiivt Geschäft, wéi de Romain Pansin erkläert.
Ënner Anerem wéinst deem Ronderëmzéie waren d’Jéinerte sozial veruecht, mee net eleng dofir. D’Marie-Marthe Müller huet hir Masteraarbecht iwwer déi Jéinesch Sprooch verfaasst a weess, firwat d’Lakerten an der Gesellschaft schlecht ugesi waren.
“Si hunn an de Faubuche gelieft. D'Kanner hunn als Waasserdréier dann d'Waasser rop an d'Uewerstad bruecht oder esou, oder fir d'Gierwerei ze bedreiwen, si se rop dann d'Päerdsdrecker an d'Hondsdrecker siche gaangen."
Wéinst hirem gerénge soziale Status war déi jéinesch Sprooch fir d’Lakerten och esou wichteg. Domat hu si sech virun ëffentlechen Administratiounen oder beispillsweis der Police kënne schützen, wéi de Romain Pansin erkläert. Mee wat ass d’Jéinescht iwwerhaapt fir eng Sprooch a wat kann ee sech dorënner virstellen? D'Marie-Marthe Müller erkläert, datt dat Jéinescht e Sociolect ass.
"Dat ass eng Sprooch, déi geschwat gëtt an enger bestëmmter Community. A wat ass fir d'Jéinescht och nach extreem wichteg ze soen, dat ass vun Ufank un hir geschwate Sprooch gewiescht, déi ni vun hinne selwer verschrëftlecht ginn ass. Déi ass vu Mond zu Mond iwwerliwwert ginn, vu Generatioun zu Generatioun."
Lokal Ënnerscheeder
Wou genee den Ursprong vum Jéinesche läit, kann een net genee festleeën. Allerdéngs gesäit een Influenze vum Jiddeschen, Hebräeschen, Germaneschen oder der Romani-Sprooch. Dat "eent Jéinescht" gëtt et souwisou net. Duerch d’Wanderen a verschidde Gruppe ginn et eng Rei u Varianten. Souguer d’Jéinescht aus dem Pafendall an dat vu Weimerskirch ënnerscheede sech. De Romain Pansin gëtt e Beispill.
"Wann s de elo sees: 'Hues de gekneist, wat ech gedibbert hunn?' Dat heescht zu Weimerskirch: 'Hues de verstan, wat ech gesot hunn?' Am Pafendall heescht et ewell: 'Hues de geschwat, wat ech gedanzt hunn?'"
D’Jéinescht zu Lëtzebuerg ass als Mammesprooch quasi ausgestuerwen. Allerdéngs fënnt een ëmmer nees jéinesch Ausdréck oder Wieder an der Lëtzebuerger Sprooch erëm. Esou bleift een Deel vun där Sprooch och haut nach erhalen.