arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Perquisitioun beim Reviseur d’entreprise Grant Thornton

Caritas-Affär 

|
reading time

1 min

Perquisitioun beim Reviseur d’entreprise Grant Thornton

Beim Reviseur Grant Thornton gouf et 100,7-Informatiounen no viru Kuerzem eng Perquisitioun vun der Police Judiciaire am Kader vun der Caritas-Enquête. Dat gouf vun zwou gutt informéierte Sourcë confirméiert.

reading time

1 min

© radio 100,7
(Foto: radio 100,7)

Recherchë fir den 100,7-Podcast iwwer de Finanzbedruch bei der Caritas hu gewisen, datt Grant Thornton am Abrëll 2024 wärend sengem Audit vun de Caritas-Konten op suspekt Payementer a Richtung Spuenie gestouss ass. 

Dat war matten am Bedruch an dräi Méint, éier d'Fraude vun 61 Milliounen opgeflunn ass. 

Et ass net kloer, wéi e Suivi Grant Thornton den Informatioune ginn huet, déi fir de Finanzaudit opgefall waren. 

D'Justiz enquêtéiert zënter Juli zejoert. 10 Persounen si bis elo inculpéiert: Déi fréier Caritas-Finanzdirektesch a Leit, déi hir Konten zur Verfügung gestallt hunn.