Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pediatere kënne rëm Vaccine géint Bronchiolite bestellen

Gesondheet

Pediatere kënne rëm Vaccine géint Bronchiolite bestellen

Den temporären Enkpass bei den Impfdosisse géint d‘Bronchiolite ass behuewen, d‘Pediatere kënne rëm Vaccine bestellen. Dat äntwert d‘Gesondheetsministerin op eng urgent parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.

auto_stories

1 min

Et wieren den Ament rëm genuch Dosissen zu Lëtzebuerg disponibel fir all Pediater. Fir d‘Saison 2023-24 ware 14.200 Dosisse bestallt ginn, déi an e puer Etappe geliwwert ginn… déi éischt Commande vun de Pediatere wieren iwwer den deemools disponibele Stock erausgaangen, an dofir wier ëmverdeelt an d‘Dosisse pro Pediater limitéiert ginn, fir dass et net zu Enkpäss bei de Maternitéë géif kommen.

An Tëschenzäit wiere rëm genuch Vaccinen ukomm, sou dass d‘Pediateren och rëm weider Dosisse bestelle kënnen, sou d‘Gesondheetsministesch an hirer parlamentarescher Äntwert.