Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  D'Politik am Studio, ...

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrizia van der Weken verpasst d'Finall ëm 6 Honnertstel

Olympesch Spiller

Patrizia van der Weken verpasst d'Finall ëm 6 Honnertstel

Bei den Olympesche Spiller zu Paräis ass d’Liichtathletin Patrizia van der Weken gëschter Owend déi 4. ginn an hirer Halleffinall, dat an 11 Sekonnen an 13 Honnertstel; domat huet si d’Finall op der Sprintstreck nëmmen ëm 6 Honnertstel verpasst.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / ATP photo agency | AFLO

Mat där Zäit gouf d’Sportlerin vum Joer am Ganzen déi 15., wat ënnersträicht, wéi no d’Weltspëtzt iwwert d’100 Meter beienee läit. 

Do virdrun hat sech den Alex Kirsch an der Stroossecourse am Cyclissem als 40. klasséiert. Gold war fir de Belsch Remco Evenepoel, deen sech jo och schonn am Contre la montre duerchgesat hat.