Réischt viru kuerzem hat dem Pascal Ricquier seng Nofollgerin bei der Policegewerkschaft, d‘Marlène Negrini behaapt, datt hien zréck bei d‘SNPGL wéilt an dofir géint si geputscht hätt.
De Police-Syndikat gehéiert der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP un, an där hirem Comité de Pascal Ricquier och Member war. D’Marlène Negrini, ass Enn Januar vum Verwaltungsrot vun der Policegewerkschaft ofgesat ginn.
Weder de Pascal Ricquier nach d‘CGFP, wollten de Wiessel bei den OGBL haut kommentéieren.