Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Pascal Peters gëtt neie Police-Generaldirekter - D'Jeanne Schumacher nei Directrice vum Geheimdéngscht

Nominéierunge vum Regierungsrot

De Pascal Peters gëtt neie Police-Generaldirekter - D'Jeanne Schumacher nei Directrice vum Geheimdéngscht

De Pascal Peters gëtt neie Police-Generaldirekter. Seng Nominatioun ass de Moien am Regierungsrot approuvéiert ginn.

auto_stories

1 min

Police | © Alena.K / Bigstock
Police (Foto: Alena.K / Bigstock)

Deemno soll de Pascal Peters den 1. Juni Successeur vum Philippe Schrantz ginn, deen an d‘Pensioun geet. De Pascal Peters ass scho 27 Joer bei der Police a war ënner anerem Kommandant vun der Unité spéciale.

Da gouf am Regierungsrot och d‘Jeanne Schumacher als nei Directrice vum Geheimdéngscht nominéiert. Si trëtt den 1. Juni déi nei Fonctioun un. Si war zanter 2021 adjointe.

De Guy Bley gëtt dann neien Haut-Commissaire à la protection nationale.