Radioen

On air

Kultur um 5  |  Liam Benzvi - Other Guys Feat. Blood Orange

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Parlament confirméiert nei Regierung ënnert dem Donald Tusk

Polen

Parlament confirméiert nei Regierung ënnert dem Donald Tusk

​​​​​​​A Polen gouf déi nei Regierung vum designéierte Premier Donald Tusk gëschter Owend vum Parlament confirméiert. An engem Vertrauensvott hunn 248 vu 449 Deputéierte fir déi nei Dräierkoalitioun ënnert dem fréieren EU Conseilspresident gestëmmt. 

auto_stories

1 min

De Moie soll déi nei Regierung vum President Andrzej Duda vereedegt ginn.

A senger Regierungsdeklaratioun gëschter huet de Donald Tusk eng pro-europäesch Politik an de Mëttelpunkt gestallt. Virdrun hat den Tusk scho versprach, hie wéilt als Premier d‘Onofhängegkeet vun der polnescher Justiz retabléieren an den Ofdreiwungsverbuet réckgängeg maachen.