Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 8. Februar 2024, den an der Philharmonie vum radio 100.7 opgeholl ginn ass. Dee kënnt Dir bis den 27. Mäerz hei lauschteren.
Am Gespréich mam Guy Engels verzielt de Geoffroy Guirao, Produktiounschef vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dee wärend 10 Joer fir Les Arts Florissants geschafft huet, eng Grëtz iwwert de William Christie.
Programm
Wolfgang A. Mozart (1756-1791): Vesperae solennes de Confessore KV 339
Joseph Haydn (1732-1809): Die sieben letzten Worte unseres Erlösers am Kreuze Hob XX:2
Interpreten
Julia Wischniewski, Sopran
Mélodie Ruvio, Alt
Bastien Rimondi, Tenor
Matthieu Walendzik, Bass
Les Arts Florissants
Lëtzebuerger Philharmoniker
William Christie, Direktioun