Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musique pour faire plaisir

Passend zu Fuesent

Musique pour faire plaisir

Passend zu Fuesent, dem Saint-Saëns säi "Carnaval des Animaux" a säin zäitgenëssesche Pendant: de "Cortège des Animaux" vum Albert Guinovart

auto_stories

2 min

headphones

121 min

play_arrow

D' Wierk "Carnaval des Animaux" hu mir enger Aluedung bei Kolleegen ze verdanken. Fir dëst Fest huet de Saint-Saëns säi kuriéiste Wierk geschriwwen. Aus dëser musekalescher Laun ass dono séier e Klassiker aus dem Kammermusek-Repertoire ginn.
Dem Saint-Saëns sengem "Carnaval des Animaux" huet de katalanesche Komponist Albert Guinovert lo e Pendant mat der selwechter Besetzung géigeniwwer gestallt: "Le Cortège des Animaux". Hei stolzéiere verschidden Déierenzorten an engem Cortège laanscht, wéi zum Beispill Schlaangen, Hinger, e Karussellpäerd a souguer en Ochs an en Iesel an enger Krëppchen.
Nieft dësen zwee Wierker sinn och nach zwee Kammermusek Wierker vum Francis Poulenc ze héieren.

Dëse Concert ass den 21. Juli um Pau Casals International Music Festival opgeholl ginn. Dir kënnt de Concert bis de 26. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Klarinett, FP 184
Camille Saint-Saëns (1835-1921): Le Carnaval des animaux
Francis Poulenc (1899-1963): Sonat fir Flütt, FP 164
Albert Guinovart (*1962) Le Cortège des animaux

Interpreten:

Paul Mayer, Klarinett
Magall Mosnier, Flütt
Patricia Cordero an Maria Tió, Gei
Ferran Bardolet, Cello
Jorge Toledo, Kontrabass
Eric le Sage an Albert Guinovart, Piano