100 % franséisch Musek - déi kann ee bei dësem Concert ActArt genéissen, deen de 26. November 2024 am Stater Conservatoire war. Dat ass eng Concertsrei bei där d’Enseignante selwer Concerten zesumme spillen. Hei stinn am ganze siwen Enseignanten op der Bün. Am Vierdergrond steet d'Dina Nimax, eng jonk Lëtzebuerger Harfenistin. Um Programm sti Wierker vu Claude Debussy, André Caplet a Maurice Ravel - allen dräi franséisch Komponisten aus dem spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert.
Huelt Plaz am 100,7 Concertssall mam Commentaire vum Marie Schockmel.
Dëse Concert kënnt dir bis den 11. März 2025 zu all Moment an der Mediathéik vum opus nolauschteren.
Programm:
- Claude Debussy: Sonate en Trio L.137 fir Flütt, Braatsch an Harf (1915)
- André Caplet: Conte fantastique fir Harf a Sträichquartett (1908)
- Maurice Ravel: Introduction et Allegro fir Harf, Klarinett a Sträichquartett (1905)
Interpreten:
- Dina Nimax, Harf
- Vania Lecuit, Gei
- Evelyne Marmann, Gei
- Renata Van der Vyver, Braatsch
- Tom Feltgen, Cello
- Carlo Jans, Querflütt
- Max Mausen, Klarinett