"Outside the box" - esou beschreift d'Philharmonie dëse Concert den Owend vum 27. Februar 2025. Am Mëttelpunkt steet d'Vivi Vassileva. Déi bulgaresch-däitsch Perkussionistin trëtt weltwäit op an ass och ganz bekannt mat hire kreativen a positive Videoen op de soziale Medien.
An der Philharmonie spillt si zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, an am Fokus steet en neit Wierk: "A Savage Beat"
Dëse Concert iwwerdroe mir haut den Owend live um opus 100,7 a radio 100,7 (Donneschdeg 27. Januar) ab 19h30 aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vum Christophe Mirkes a vum Maria Gutierrez moderéiert gëtt.
D'Opnam vun dësem Concert kënnt Dir no der Diffusioun nach eng Woch laang hei an der Mediathéik nolauschteren.
Programm:
- Charles Ives: The Unanswered Question
- Sauli Zinovjev: A Savage Beat (commande Philharmonie, Beethoven Orchester Bonn, Wiener Konzerthaus)
- Dmitri Schostakowitsch: Symphonie N° 15
Interpreten:
- Vivi Vassileva, Perkussioun
- Lëtzebuerger Philharmoniker
- Gustavo Gimeno, Direktioun