Dem Ludwig van Beethoven seng Pianoconcertoe gehéieren zum meescht gespillte Repertoire ënnert de grousse Pianistinnen a Pianisten. Eng dovun ass déi japanesch-englesch Pianistin Mitsuko Uchida, déi bei dësem Concert dem Beethoven säin drëtte Pianosconcerto interpretéiert. Do dernieft interpretéiert de Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin dem Romantiker Johannes Brahms seng éischt Serenade a Ré Majeur an dem Arnold Schönberg säin Theema a Variatiounen.
Lauschtere kënnt dir dëse Concert nach bis den 18. Mäerz 2025 an der Mediathéik vum opus 100,7.
Programm:
- Arnold Schönberg (1874-1951): Thema a Variatiounen, Op. 43b
- Ludwig van Beethoven (1770-1827): Piano Concerto No. 3 an Do mineur, Op. 37
- Johannes Brahms (1833-1897): Serenade No. 1 a Ré Majeur, Op. 11
Interpreten:
- Mitsuko Uchida, Piano
- Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin
- Vladimir Jurowski, Direktioun