Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

Gustav Holst

Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

Fir den 150sten Anniversaire vum Gustav Holst hunn de CAPE an de Conservatoire du Nord eng besonnesch Produktioun vum Holst sengem gréisste Wierk “The Planets” presentéiert. Lauschtert de Live-Matschnëtt hei.

auto_stories

2 min

headphones

121 min

play_arrow

Dem Gustav Holst seng Faszinatioun fir friem Kulturen a reliéis Schrëfte spigelt sech och a senge Wierker erëm. Net verwonnerlech also, datt och säi Wierk, mat deem hie säi grousse musikaleschen Duerchbroch hat, net vun dëser Welt ass. Riets ass natierlech vu senger Orchestersuite “The Planets”.

All Planéit krut seng eege Charakterzich, déi duerch Rhythmus, Melodie an Tempo ënnerstrach ginn. Den CAPE an de Conservatoire du Nord presentéieren dëst Wierk als Arrangement vum Laurent Beeckmans fir zwee Pianoen zu aacht Hänn, zwee Perkussionisten an e Fraechouer.

Dir kënnt dëse Concert mat Commentaire vum Tanja Duprez bis de 25. Mäerz 2025 an der Mediathéik um www.opus.radio nolauschteren.

Lauschterenplay_arrow

Programm:

Gustav Holst: Choryl Hymns from the Rig Veda op.26 (Group 3H.99)

  • Hymn to the Dawn
  • Hymn to the Waters
  • Hymn to Vena
  • Hymn of the Travellers

Gustav Holst: The Planets, Suite pour grand orchestre op.32 (arr. Par Laurent Beeckmans pour 2 pianos 8 mains, 2 percussionnistes et choeur de femmes)

  • Mars, the Bringer of War
  • Venus, the Bringer of Peace
  • Mercury, the Winged Messenger
  • Jupiter, the Bringer of Jollity
  • Saturn, the Bringer of Old Age
  • Uranus, the Magician
  • Neptune, the Mystic

Interpreten:

  • Andrea Théato, Cannis Shymki, André Roe, Laurent Beeckmans – Piano
  • Christopher Hastings, Patrick Kraus – Perkussioun
  • Nordvox Ensemble – Chant
  • Matthias Rajczyk - Direktioun