Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pampers wiesselen als politeschen Akt: "La visite" vun der Anne Berest am TOL

Theater

Pampers wiesselen als politeschen Akt: "La visite" vun der Anne Berest am TOL

Dem Shakespeare säi bekannten existenziellen Dicton kritt ee feministeschen Touch an der Christine Muller hirer Mise en scène vun der Anne Berest hirem Monolog "La visite": Mamm-sinn oder net Mamm-sinn. Leider ass et bei der Haaptfigur schonn ze spéit.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Bohumil Kostohryz

"Dat schlëmmst, wat enger Mamm ka passéieren ass, enges Daachs ee Kand ze kréien." Dës Punchline, déi am Programmheft vun der neier TOL-Produktioun fungéiert, ass eng vun de ville provokanten Aussoen, déi "La visite" vun der Anne Berest, hei an enger Mise en scène vun der jonker Christine Muller, ausmécht. 

D’Haaptfigur vum Monolog kritt Besuch aus Kanada. Siwe Stonne si se gefuer, siwe laang Stonnen, an dat alles just, fir de Bëbee ze gesinn. Dobäi wësse mer zanter dem John Micheal McDonaugh sengem Film "The Guard", datt all d’Bëbeeën nämmlecht ausgesinn – et sief dann, et wier ee speziell ellent Kand. Dat ass nämlech d’Äntwert, déi dem Brendan Gleeson seng Figur dem Don Cheadle sengem héichprofessionellen Enquêteur gëtt, wéi dee versicht, d’Äis tëscht hinnen zwee ze briechen an him proposéiert, eng Foto vu sengem Neigebueren ze weisen. "Du weis mer also gären eng Foto vun engem Bëbee, deen ausgesäit, wéi all aneren, oder vun engem, dee besonnesch ellen ass. A béide Fäll wëll ech deng Foto net gesinn.

Zynesch, feministesch an iwwerspëtzt

Änlech subversiv an zynesch fält den Discours vun der Haaptfigur vu "La visite" aus, déi hir Invitéen stänneg vertréischt. D’Kand schléift nach, de Mann ass op der Schaff - an hinne mam Téi an de Muffins ee Monolog zervéiert, deen hinnen zesumme mat den dréchene Grimmelen am Hals soll stieche bleiwen. Et gëtt zwou Kategorie Leit, déi Kanner gären hunn, seet déi vun der Rosalie Maes inkarnéiert Figur: les pédophiles et les imbéciles.

Wann et och Leit gëtt, déi fräiwëlleg op Hausdéieren oppassen, esou géif keen op d’Iddi kommen, Kanner gratis ze versuergen – eng Tâche, déi een sech am Géigendeel éischter deier bezuele léisst. Dat géif genuch doriwwer aussoen, wéi onbeléift Kanner ëmmer da sinn, wann et sech net ëm déi eegen handelt. 

Wärend hirer iwwerspëtzter an net ëmmer ganz klischeefräier Analyse vum Elteresinn erzielt si dann och hire perséinleche Parcours als Wëssenschaftlerin, déi et gewinnt ass, d’Aussewelt mat der néideger Objektivitéit ënnert dem Mikroskop ze inspizéieren. Wat wuel erkläert, wéisou si änlech mat hiren eegene Gefiller ëmgeet. 

Géint de réarmement démographique

Ee Monolog, deen déi gesellschaftlech nach ëmmer déif verankert Erwaardungen un d’Fra als Mamm analyséiert an als obsolet Konditionéierung ofstempelt. Grad an engem Kontext, wou den Emmanuel Macron, fir deen et anscheinend net méi op eng Connerie ukënnt an dee mat där eugenistescher Ausso alt nees mat der Extrême-droite flirt, vun engem réarmement démographique vum Frankräich schwätzt, ass "La Visite" ee wichtegt Stéck, dat mat senger rebellescher Haaptfigur weist, datt et, wéi den Althusser ëmmer sot, näischt gëtt, wat net politesch ass.

Esou guer d’Pampers wiesselen – oder et eben net ze maachen – gëtt zum rebelleschen Akt. Oder wéi d’Haaptfigur et iergendwann op déi zynesch-flemmseg Aart a Weis, déi si auszeechent, seet: "La maternité se résume à une couche pleine à côté d’une poubelle." Well si ze midd ass, se nach an den Dreckseemer ze puchen.

D’Stéck ass deels feministescht Pamphlet, deels awer och eng philosophesch Dissertatioun iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Kannerkréien, déi ee kann dorop resuméieren, datt et rationell kee Grond gëtt, Kanner an eng futtis Welt ze setzen, een op engem emotionalen Niveau awer bereet wier, fir seng Progéniture ëmzebréngen. 

Kanner sinn net nohalteg, wien drop wett, datt se sech ëm ee këmmeren, wann een al ass, hätt besser, dem Blaise Pascal seng Wett zur Existenz vu Gott anzegoen, a wien ee Kand op d’Welt bréngt, fir seng eege Stierflechkeet ze iwwerwannen, ass beschtefalls een Eefalt, schlëmmstefalls een hoffnungslosen Narziss. Ze oft awer wierkt d’Argumentatioun wéi ee philosophesche Reader’s Digest, zwar besser geschriwwen, mee deelweis awer ze iwwerspëtzt, ze beméit, ze selbstgefälleg an der eegener Iwwerzeegung, elo mol gutt ze stëppelen: Hautdesdaags wier ee Pamphlet fir d’Kannerkréie wuel méi polemesch.

Eendimensional

Esou staark d’Haaptfigur och gezeechent ass, déi sech quasi ee Pleséier dorausmécht, mat all Tabu ze briechen, sech géint biologesch Reflexer opreegt, hier Sexualitéit de Visiteure genësserlech ënnert d’Bourgeois-Nuese schmiert, esou schued ass et, datt d’Rosalie Maes ze oft iwwerspillt: D’Schauspillerin geet hir Figur ze vill un, wéi wann si Deel vun engem Stand-Up-Programm wier, a wann dat streiderescht, dat provokant och duerchaus zur Figur passt, esou ass den Toun dach ëmmer deen nämmlechten, dee bei de méi touchanten Ablécker och enger empathescher Identifikatioun mat der Figur am Wee steet. Dat kann och dee schéine Soundtrack, deen direkt e puermol op den Nils Frahm zeréckgräift, net änneren. 

Méi interessant ass d’Bünebild dat, ewéi gewinnt am TOL, minimalistesch ass: Wäiss Rideauen, dräi Chemisieren op Bigelen, déi vun der Schauspillerin deels wéi eng Camisole, deels wéi ee Brautschleier benotzt ginn an, op der zentraler laanger Komoud, eng Rei Mikroskopen, ënnert deenen d’Schauspillerin hiert Liewe metaphoresch sezéiert, fir duerch chemesch Prozesser den Habitus vum Patriarchat ze entbléissen. An deem Prozess geléngt d’Stéck dann och, trotz senge Faiblessen.

Wie sech grad Gedanken iwwert d’Kannerkréie mécht, och oder besonnesch, wann se da schonn do sinn, ka "La visite" nach de 24., de 25., de 26., de 27., 28. an 31. Januar esou wéi den 1. Februar kucke goen.

Lauschterenplay_arrow