Radioen

On air

Notturno  |  Vampire Weekend - Mary Boone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eugène Prim: Mäi Liewen a mäi Wee mam Orchester

Sot Emol

Eugène Prim: Mäi Liewen a mäi Wee mam Orchester

Den 22. September 1989 war mam Presentatiounsconcert am “neien Theater” am Fong d‘Gebuertsstonn vun de Solistes Européens Luxembourg. En Orchester vun deem den Eugène Prim ee vun de Grënnungsmemberen ass.

auto_stories

2 min

headphones

55 min

play_arrow

No 34 Joer huet den Eugène Prim elo d‘Decisioun geholl sech als Generaldirekter aus dem Alldag vun de Solistes Européens zeréck ze zéien, eng Decisioun déi wuel iwwerluecht ass an och an him selwer geräift ass.

“Do hunn ech vu menge Kolleege gesot kritt: ‚da sich en Nofollger.‘ Dat ass séier gesot an awer schwéier gemaach. A ech si frou, datt de Serge De Cilla bereet ass déi Charge ze iwwerhuelen.”

Eng Tréin am Knäpplach

Den Eugène Prim huet d‘Decisioun fir opzehale scho virun zwee Joer geholl a sech och nach Zäit ginn, fir sechs Méint mat sengem Successeur zesummen ze schaffen, an awer war et keen einfache Schratt.

“Et ass ëmmer eng Tréin am Knäpplach bei esou eppes. Och nach haut, et ass nach ëmmer e bëssen Nostalgie, wann ech hei an de Studio kommen, do hunn ech esou oft opgeholl an iwwerall wou de Radio war, iert en heihinner komm ass. Et huet een e Stéck Geschicht mat erlieft an deene 34 Joer.”

„Ech si frou datt ech de Sprong gemaach hunn“

Den Eugène Prim huet a senger Responsabilitéit bei de Solistes Européens 14 Kulturministeren a Staatssekretären erlieft. An dat hannerléisst scho Spueren an et kann een net einfach de Schalter ëm leeën.

“Mee ech si ganz frou, datt ech de Sprong gemaach hunn, datt ech mech eigentlech net méi wëll amëschen. Ech bleiwen nach am Verwaltungsrot bis bei déi nächst Generalversammlung, well ech jo awer nach d’Responsabilitéit vun 2023 hat. (...) An da kann ech mat rouegem Gewësse bei der nächster Generalversammlung aus dem Verwaltungsrot eraus goen.“

E Concert anescht genéissen

Den Eugène Prim hält sech vun elo un eraus, well hie fënnt et net gutt, datt een no 34 Joer awer nach mat engem Fouss wéilt dra bleiwen. Et muss ee lass loossen an och lass loosse kënnen.

“Ech freeë mech dann op déi Concerten, wou ech dann ënne sëtzen an Nolauschterer soen, wat hu se rëm geschafft fir dat doten hin ze kréien.“

Lauschterenplay_arrow