Radioen

On air

Thé Dansant  |  Otis Redding - Hard To Handle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséischen Acteur Michel Blanc ass gestuerwen

Am Alter vun 72 Joer

Franséischen Acteur Michel Blanc ass gestuerwen

De Michel Blanc ass dout. Dat huet Paris Match de Moie gemellt. De franséischen Acteur ass hënt am Alter vun 72 Joer gestuerwen. Hie war zënter de 70er Joren un engen 100 Filmer bedeelegt, als Acteur, Realisateur oder Zeenariste. De Michel Blanc huet awer och vill Theater gemaach.

auto_stories

1 min

© picture alliance/United Archives | United Archives/Impress
Foto: picture alliance/United Archives | United Archives/Impress

Hie gouf viru 50 Joer bekannt fir seng Optrëtter a Filmer wéi “Le père Noël est une ordure”,  “Les Bronzes”, an “Les Bronzes font du ski”, un der Säit vu Leit ewéi Thierry Lhermitte, Christian Clavier oder Josiane Balasko.

An den 80er Joeren huet hie selwer d’Scenarie fir méi dramatesch Filmer geschriwwen an där och gespillt. 1986 hat hien dobäi de Prix d’interprétation masculin um Filmfestival zu Cannes kritt, fir seng Apparitioun am Film “Tenue de Soirée" vum Bertrand Blier. E vu senge leschte Filmer war 2023 "Les petites victoires“

A senger Karriär huet de Michel Blanc am ganze 4 Césaren als beschte männlechen Acteur gewonnen. Zwee Césaren dovunner ware fir Dramaen, déi 2 aner fir Komedien.