Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Acteur Max Putz ass dout

Am Alter vun 76 Joer

Lëtzebuerger Acteur Max Putz ass dout

De Lëtzebuerger Acteur Max Putz ass dout. Dat liest een haut um Samschdeg an den Doudesannoncë vum Lëtzebuerger Wort. Hien ass mat 76 Joer gestuerwen.

auto_stories

1 min

De Max Putz huet a villen Theaterproduktioune matgewierkt a bleift ënner anerem an Erënnerung fir seng Apparitioun an der Lëtzebuerger Adaptatioun vum Samuel Beckett sengem Endspill vun 2006, wou hien nieft senger Fra, der Annette Schlechter, ze gesi war.

2013 war hien – och nieft der Annette Schlechter - am Kuerzfilm "Antoine" vum Cyrus Neshvad ze gesinn. E Film, deen op internationale Filmfestivaller eng Partie Präisser gewonnen huet.