"Father, Mother, Sister, Brother" ass eng Tragikcomedie, déi familiär Relatioune behandelt. De Film ass mat Stare gespickt. Vum Adam Driver, der Cate Blanchett, der Mayim Bialik, ënner Anerem bekannt aus "The Big Bang Theory", bis hin zu der Lëtzebuergerin Vicky Krieps. Och wann de Lëtzebuerger Filmfong net direkt eppes mam Succès vum Film ze dinn hätt, géif ee sech awer driwwer freeën, wann e Film mat Lëtzebuerger Contributioun géif e Präis gewannen, wéi de Guy Daleiden erzielt.
"Ech mengen, all Präis, wou eng Lëtzebuerger Kontributioun op iergendengem Niveau, sief dat um Niveau vu virun der Kamera oder hanner der Kamera, ass e Gewënn fir eise ganze Secteur.”
D'Skepsis géigeniwwer vu VR-Filmer gëtt manner
Niewent dem Erfolleg vun der Vicky Kriebs hirem Film, gouf et och nach en anere Succès aus Lëtzebuerger Siicht ze feieren. An der Kategorie 'Venice Immersive' konnt déi Lëtzebuerger Koproduktioun "A Long Goodbye" den Achievement Prize gewannen.
Beim immersive Film kann een als Zuschauer mat an de Film andauchen, beispillsweis duerch Virtual Reality. An dëser Form vu Kino gesäit de Guy Daleiden och immenst Potenzial hei am Land.
“Mir hu spezialiséiert Studioen entwéckele gelooss. A mir hunn elo Gesellschaften, déi just Realité virtuelle, Realité augmentée, respektiv immersiv Oeuvren maachen. Ech mengen awer, dës Oeuvre wäerten ni de klassesche Kino ersetzen, mee de Potenzial, fir bei der technologescher Entwécklung dobäi ze sinn, fir d'Verbindunge mat anere Secteuren opzebauen, ass et extrem wichteg.”
Dofir hätt een och an der Vergaangenheet fréizäiteg an déi Form vu Kino investéiert. Am Ufank wiere vill Realisateure skeptesch gewiescht, mee dat hätt sech mëttlerweil och geluecht, esou nach den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden.