arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt d'Palme d'Or zu Cannes

Kino

|
headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger Koproduktioun gewënnt d'Palme d'Or zu Cannes

D’Lëtzebuerger Koproduktioun "Un simple accident" vum Iraner Jafar Panahi krut d’Palme d’Or. Nodeems d'lescht Joer de Grand Prix schonn un eng Lëtzebuerger Koproduktioun goung - der Payal Kapadia hiren "All We Imagine As Light" - huet eng weider Lëtzebuerger Koproduktioun (Bidibul) dann elo deen héchste Präis zu Cannes kritt.

headphones

1 min

headphones

3 min

play_arrow
De Cast an de Regisseur vun "Un simple accident". | © picture alliance / ipa-agency | SImone Comi
De Cast an de Regisseur vun "Un simple accident". (Foto: picture alliance / ipa-agency | SImone Comi)

Am Film geet et ëm ee Mecanicien, dee mengt, säi fréieren Tortionnaire erëm ze erkennen, an deen de Mann entféiert, fir hien duerno an der Wüüst lieweg ze begruewen, a sech dann op eemol net méi sécher ass, ob ee Gewalt mat Gewalt ka beäntweren.

Ee rasante Roadmovie, an der Urgence realiséiert an dee mat Urgence weist, wat am Panahi senger Heemecht schif leeft.

play_arrow Lauschteren