Den Duerchbroch koum 1972 an der Roll vun der Kay Adams, der Frëndin an duerno der Fra vum Michael Corleone am éischte Godfather, e Film vum Francis Ford Coppella. D‘Keaton war och an den zwee aneren Deeler vun dëser Trilogie ze gesinn.
D'Roll vum Liewen
1978 war et "Annie Hall" (Die Stadneurotiker) vum Woody Allen. Dat war - esou gëtt gesot - d‘Roll vun hirem Liewen, fir déi si och en Oscar krut.
D‘Diane Keaton ass dem Stil vun "Annie Hall" bis zum Schluss souzesoen trei bliwwen: Dem Stil vun der neurotescher New Yorkerin, mat Männerbox, Gilet, Krawatt an Hutt. D‘Diane Keaton huet dee Look gepräägt.
Vill bekannte Männer
Joergang 1946 hat si mat 22 Joer hir Karriär um Broadway ugefaangen, dat am Musical "Hair". No de e puer Filmer mam Woody Allen huet si mam Warren Beatty gedréit, ënner anerem "Reds". Dëse Film hat hir eng Oscarnominatioun bruecht.
D'Diane Keaton war mat den zwee Acteure liéiert, ënner anerem och mam Al Pacino. Bestuet war si awer ni. "Et huet kee gefrot", sot déi verstuerwen Actrice, déi och fir hier Ironie bekannt war, emol an engem Interview.
Grousse Succès
Si war am Ganzen nach dräimol fir den Oscar nominéiert: No "Reds" war et 1997 eng Nominatioun fir de Film "Marvin‘s Room" un der Säit deemools vum jonke Leonardo DiCarpio, an 2003 fir de Film "Something‘s Gotta Give" un der Säit vum Jack Nicholson.
An Erënnerung bleift d'Diane Keaton natierlech och nach fir Blockbuster ewéi "The first wives club" mat der Bette Midler an der Goldie Hawn oder fir d‘"Father of the Bride"-Filmer mam Steve Martin.