Radioen

On air

Notturno  |  Alex Izenberg - Drinking The Dusk Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang an ënnerschiddlech breet"

SOT EMOL

Martin Engler: "Den Dag ass 24 Stonne laang an ënnerschiddlech breet"

De Martin Engler ass Schauspiller, Sänger, Museker, Komponist, Produzent an e grousse Frënd vu Lauschterstécker. Als Beispill kann een d’Lëtzebuerger Lauschterstéck “Den Eppes” vum Jhemp Hoscheit ernimmen, dat de Martin Engler fir d’ ”100,7-Radiokannernuecht” am November 2023 realiséiert huet.

auto_stories

3 min

headphones

61 min

play_arrow

De Martin Engler huet ugefaangen Theaterwëssenschaften , Philosophie a Politikwëssenschaften zu Erlangen ze studéieren. Mee den Theater war éischter säi Wee an en huet dunn eng zolidd Schauspillformatioun op der Ernst Busch Héichschoul zu Berlin gemaach.

Säin Theaterwee huet hien duerch verschidde kulturell Approchë gefouert, e war ënnert anerem zu Berlin, Wien, Basel, Lyon, Dublin an eben och Lëtzebuerg. An zu Lëtzebuerg gehéiert de Martin Engler quasi vun Ufank un zum Inventaire vum Fundamental Monodrama Festival.

Lëtzebuerg, en europäeschen Nukleus

De Martin Engler huet eng ganz enk Relatioun mat Lëtzebuerg, duerch de Monodrama Festival, mee awer och duerch seng laangjäreg Frëndschaft mam Lëtzebuerg Acteur Steve Karier.

Aktuell lieft de Martin Engker zu Berlin, wou een all Dag, jo all Sekonn matten deem lieft, wat an der Welt geschitt. Dat ass zu Lëtzebuerg wuel net anescht, mee de Martin Engler fënnt awer, datt hei zu Lëtzebuerg awer nach Zäit bleift eppes ze schafen an och den europäesche Gedanke weider ze bréngen a weider ze kreéieren.

“Es ist ein sehr interessanter europäischer Nukleus, hab ich es mal genannt. Weil es kommen so viele Europäer hier zusammen, da ist auch natürlich durch die Benelux-Länder und die Gründung der europäischen Union hier verankert und dass spürt man.”

Vill Energie op der Bün

De Martin Engler huet de Steve Karier iwwert eng Theaterproduktioun zu Mainz kenne geléiert, a wéi een esou schéi seet, d’Wellen hu gestëmmt.

Déi zwee hu gemierkt, datt si vill gemeinsam Intressen hunn an och gutt zesumme spille konnten. An et gëtt och eng Parallel tëscht dem Martin Engler an dem Steve Karier, nämlech d’Kierperlechkeet op der Bün.

“Natürlich auf jeden Fall, die Leidenschaft und die Lust auf der Bühne richtig die Luft in Wallung zu bringen, das verbindet uns auf jeden Fall. Und der Bühnenraum, der braucht Kraft, der braucht Körper um tatsächlich lebendig zu werden.”

“Ich schiebe eine Bugwelle von To-Do-Listen vor mir her”

De Martin Engler, wéi een op Lëtzebuergesch seet, danzt op villen Hochzäiten. Do läit d’Fro op der Hand, wou en Zäit fir dat alles fënnt, well och dem Martin Engler säin Dag huet just 24 Stonnen.

„Der Tag ist 24 Stunden lang, aber unterschiedlich hat schon Wolfgang Neuss gesagt. Ja, die Zeit her, ich weiss es wirklich auch nicht. Es ist ein drunter und drüber. Ich schieb immer so eine riesige Bugwelle an To-Do-Listen vor mir her und dann greif ich da rein, dann mach ich das in Berlin. Vier Schreibtische voll mit allem und irgendwie geht das dann so, aber jetzt nach diesem wunderbaren Fundamental-Festival, danach geht es ein bisschen ruhiger zu.“

An eng vun den neie Saachen, déi fir den Martin Engler um Programm stinn, ass en neit Lauschterstéck dat hie fir déi zweet Editioun vun der 100,7-Radiokannernuecht am November dëst Joer realiséiert.

A méi iwwert de Fundamental Monodrama Festival fannt der och op fundamental.lu

Lauschterenplay_arrow