Radioen

On air

Notturno  |  Jessica Pratt - Life Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng kleng Taxinomie vu mënschlechem Versoen: Courteline. Saynètes am TNL

Theaterrezensioun

Eng kleng Taxinomie vu mënschlechem Versoen: Courteline. Saynètes am TNL

Ass Theater als Oflenkung, als Distraktioun an enger Welt, déi ëmmer méi wéi ee pechschwaarzt Stéck vum Samuel Beckett wierkt, net scho bal obszön? Fir d’Januar-Rentrée bitt den TNL zwielef Saynètes vum Georges Courteline an enger Mise en scène vum Jean Flammang – an deklinéiert mënschlecht Versoen an Dommheet op eng oft hilarant Aart a Weis, déi deels un den Ionesco, deels awer och un d’Coen-Bridder erënneren.

auto_stories

4 min

Foto: Bohumil Kostohryz

Ee bis op zwee Kleederschief, eng Matrass an ee Piano eidele Raum, deen de Raoul Schlechter an den Denis Jousselin mat den zwielef Fragmenter bespillen: Méi Zeenografie gëtt et um Ufank net, déi vum Jean Flammang konzipéiert Bün wierkt definitiv minimalistesch. Wann déi zwee Schauspiller allerdéngs bis ufänken, an den zwee Schief no de passenden Accessoiren a Kostümer ze wullen an alles eraus ze puchen, wat hinnen net gefält, wierkt d’Bün iergendwann wéi ee Sammelsurium u vestimentaire Curiositéiten. D’Ausso ass kloer: Ouni de Mënsch wier eise Planéit manner chaotesch, verschmotzt an ee gudde Krack méi roueg, vläicht awer och ee Stéckelche méi bleech.

Ee minimalistesche Kader fir maximale Chaos

Wärend déi zwee Schauspiller ee Globus, eng Schubbkar oder géint der Enn och ee risege Luuchtepotto un de véier Ecker vun der Bün opriichten, inkarnéieren si no an no déi verschidde Personnage vum Courteline sengen absurde Mikrofiktiounen: ee Mann geet bei eng Warsagerin, fir ze wëssen, wou et seng verschwonne Fra hi verschloen huet (natierlech an d’Bett vun engem aneren Typ), een aneren iert duerch Paräis op der Sich no der rue de la Pompe a verleeft sech ëmmer méi, well e widderspréchlech Instruktioune kritt, ee Knéckjang vergläicht Äppel mat Bieren, fir de Präis vun de Kleedungsstécker, op déi en een A geworf huet, erofzedrécken, ee, aneren erkläert sengem Direkter, wéisou en et einfach net op de Büro packt fir schaffen ze goen a freet nawell no enger Gehaltserhéijung – an al Koppele übe sech gekonnt am Laanschteneeschwätzen. Dertëscht spillt de Jean Muller, hei quasi als Jang de Blanne gecast, ëmmer nees kuerz Intermezzi a Valse vum Brahms.

De Vaudeville als realistescht Bild vun der Mënschheet

De Georges Courteline, Meeschter vum Vaudeville, gëtt am Programmheft vum TNL als Matbegrënner vum deemools revolutionäre Genre vum Realismus rehabilitéiert – well de Realismus esou wéi e vum Zola, Balzac a Stendhal konzipéiert gouf eben net just ee Spigel ass, deen een entlaang der Strooss hält, mä eben och sozialkritesch Theme kann opgräifen.

Seng Saynèten, also ganz kuerz Stécker, déi dem Genre vun der sougenannter “comédie bouffonne” entsprangen, quasi, wann een esou wëll, Tiktok-Videoe vum 19. Joerhonnert, sinn Ablécker an een absurden Alldag. Dem Courteline seng Snapshote sinn dobäi ëmmer liicht iwwerdriwwen a verzerrt, ganz wéi wann den Auteur eis wéilt soen, dass et net just d’Existenz déi absurd ass, mä virun allem dat, wat mer all Dag doraus maachen oder eise Matmënschen undinn.

Eng Spillfreed, déi ustécht

Verschiddener vun den zwielef Texter hunn iwwert d’Jore schonn eng déck Schicht Stëbs gefaangen a verschidde Regie-Afäll wierke plazeweis liicht beméit, wéi wa beispillsweis d’Didascalien op Emojis zeréckgräifen. Och de Comique de répétition wierkt heiansdo, wann de Witz scho bei der éischter Kéier net gräift, e bësse platt, ganz esou schlëmm wéi rezent bei der Mumm Séiss ass d’Saach awer net.

Nawell komme vill vun de Saynèten duerchaus zäitgeméiss eriwwer, d’Panoplie u mënschlecher Schwächt, u Mesquinerie a Béisaartegkeet gëtt treffend duergestallt, wat haaptsächlech dru läit, dass déi zwee Haaptduersteller sech prächteg ameséieren: Dem Denis Jousselin an dem Raoul Schlechter hir Spillfreed, notamment an den Intermezzi, wou se d’Bün op- an ofbauen oder de Jean Muller duerch de Chaos vun der Bün guidéieren, ass einfach ustiechend. 

Autoparodie

Dobäi gëtt net just den Alldag, mä och den eegene Milieu op d’Schëpp geholl: Déi lescht zwee Fragmenter tendéieren däitlech zur Autoparodie. Am éischten erkläert ee méi erfuerene Schauspiller sengem Kolleeg, den éischten Optrëtt wier deen, mat deem en sech virum strenge Lëtzebuerger Public misst beweisen. Seng Roll? Hie muss ee Bier spillen, dee vun engem Spuenier erschoss gëtt. Wibbeleg probéier den Denis Jousselin eng sëllege Biere-Kostümer un, vergësst säin Text, deen aus engem eenzege Grommele besteet, wärend de Raoul Schlechter mat déckem Baart a schlechtem Accent de spuenesche Jeeër parodéiert.

An der Saynète duerno fänkt een Theater Flamen, ma d’Schauspiller sinn entsat, dass de Public méi domat beschäftegt ass, ëm d’Iwwerliewen ze kämpfen ewéi domat, sech un hirem Talent ze erfreeën. Wat ass dach schonn ee kléngt Feier, wann ee Schauspiller vun esou engem Kaliber ka gesinn. Ce fut peut-être, schreift de Courteline, le suintement de leur vanité qui les protégeait de l’incendie.

Subtil geet anescht, allerdéngs ass de Katalog u mënschlechem Versoen, deen hei op d’Schëpp geholl gëtt, och eng Manéier, mat dem Mëttel vum Humor op all dat hinzeweisen, wat den Ament op méi tragesch Aart a Weis an der Welt falsch leeft.


Dir kënnt d’Stéck nach dësen Donneschden, Freiden a Samsdeg all Kéiers um 8 Auer am TNL gesinn.

 

Kultur
Theater