Radioen

On air

Notturno  |  Jessica Pratt - Life Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Beethovens Geist am TNL: Devotioun amplaz Pretentioun

Theaterrezensioun

Beethovens Geist am TNL: Devotioun amplaz Pretentioun

D’lescht Woch gouf am Théâtre National mol eng Kéier keen Theaterstéck gewisen. "Beethovens Geist" heescht d’Virféierung vum Yann Tonnar a Jean Muller. Et handelt sech heibäi souwuel ëm d’Virstellung vum Kuerzfilm "Beethovens Geist" an ëm ee live Pianosconcert vum Jean Muller. Dem Nicolas Calmes no war et een Owend ouni Pretentioun, mee vill Devotioun.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Yann Tonnar

Engem Auteur no fënnt een am Beethoven senger Musek de ganze Spektrum u mënschleche Gefiller rëm. Tatsächlech gehéiert de Beethoven zu den immens wéinege Komponisten, där hiren Usproch als universal gëllt, stellvertriedend fir déi ganz Mënschheet. A Wierklechkeet awer war hie wärend senger Liewenszäit och vill kritiséiert ginn.

Seng ëmmer rëm iwwerschaffte Kompositiounsblieder beweisen och, datt de Beethoven sech seng Musek net aus de Fangere gesuckelt huet. Hien war net de Genie oder souguer Gott, als deen hien heiansdo am Folklor an och an héije Kreesser representéiert gëtt. Dat sinn alles Saachen, virun deenen een sech als Kritiker, a villäicht och als Mënsch, an Uecht soll huelen. An awer…

Traureg Momenter déi besonnesch bludden dinn

Dem Beethoven-Veréierer Jean Muller seng live Prestatioun huet ëmsou méi matgerappt, datt et engem schwéier gefall ass, net och kuerz de Glawen ze fannen. Op esou engem Niveau ass Technik keen Thema méi, et huet gewierkt, wéi wann de Muller a säi Fligel de Komponist verkierpert hätten.

D’Emotiounen, déi an der Musek ausgedréckt goufen, konnt een och dem Muller senger Kierpersprooch ofliesen. Wärend humorvolle Phrasen huet sech een Aperhoer gehuewen, seriö Momenter goufe mam néidegen Eescht gespillt, an d’Gewalt mat onscheinbarer Kraaft. Et waren awer déi tragesch, traureg Momenter, déi besonnesch bludde gedoen hunn – esou och am Film.

"Heiligenstädter Testament"

Virum Yann Tonnar senger Kamera gesäit een den André Jung ronderëm de Stauséi trëppelen, an de Jean Muller Piano spillen. Iwwer d'Bild an d'Musek héiert een eng Stëmm virliesen. Den André Jung spillt hei een ale Beethoven, de Jean Muller natierlech seng Musek, an de Stauséi ass stellvertriedend fir d’Natur ronderëm Heiligenstadt, wou sech de Beethoven aus gesondheetleche Grënn zeréckgezunn hat.

D’Stëmm liest aus enger Rei Bréiwer fir, déi de Beethoven senge Bridder geschriwwen hat, déi awer ni verschéckt goufen. Wat hien deemools geschriwwen hat, ass haut als "Heiligenstädter Testament" bekannt. Et si Meditatiounen iwwer d'Natur, an een Ausdrock vun terribeler Frustratioun wat säi Gehéier ugeet. De Beethoven erkläert, datt de Grond, firwat hie senge Selbstmordgedanken net Affer ginn ass, seng Valeure waren, souwéi de Besoin, seng musikalesch Pläng ze verwierklechen.

Kleng Detailer déi vill ausmaachen

Ganz grousse Kino also, grad, well en net grouss ass. Beethovens Geist ass kuerz, an huet déi kleng Ambitioun, dem Heiligenstädter Testament gerecht ze ginn, wat e perfekt hikritt. Kleng Detailer wéi d’Spigelung vu Blieder a Gebësch op dem Jean Muller sengem Fligel maache vill aus.

Dat net-Theaterstéck, wat d’lescht Woch am Theatre National virgeféiert gouf, glänzt, well et net mat Pretentioun, mee mat Devotioun gemaacht gouf. Souwuel de Jean Muller an de Yann Tonnar inzenéieren hei net sech selwer, mee dem Beethoven säi Geescht.

Fir mech perséinlech huet et d’Debatt ronderëm dem Beethoven säin universellen Usproch kuerz erëm opgemaacht. Well, wann een net un eppes gleeft, wéi kann et dann, wann och nëmme fir een Owend, zur Wierklechkeet ginn?

Lauschterenplay_arrow