Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Pakistan: Iwwer 40 Mënsche stierwe bei engem Attentat

Explosioun virun enger Moschee

Pakistan: Iwwer 40 Mënsche stierwe bei engem Attentat

Bei engem Attentat am Südeweste vum Pakistan si Medieberichter no iwwer 50 Mënsche gestuerwen.

auto_stories

1 min

Wärend engem reliéisen Evenement vu Membere vum Sufi-Islam virun enger Moschee war et zu enger Explosioun komm. Dosende Persoune goufen den Autoritéiten no och blesséiert. Bis ewell huet nach keen d‘Dot revendiquéiert. 

Unhänger vum Sufismus ginn am Pakistan virun allem vun der Terrormiliz Islamesche Staat verfollegt.