Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Murmuration

play_arrow Live
search

/ Patron vu Boeing seet virum US-amerikanesche Senat aus

No Tëschefäll mat Fligeren

Patron vu Boeing seet virum US-amerikanesche Senat aus

De Patron vu Boeing Dave Calhoun gëtt haut vum amerikanesche Senat gehéiert, et geet dobäi ëm déi rezent Qualitéitsproblemer beim amerikanesche Fligerproduzent.

auto_stories

1 min

Alaska Airlines | © picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka
Alaska Airlines (Foto: picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka)

Et si virun allem d‘Familljemebre vun den Onglécksaffer aus de Joren 2018 an 2019, déi Erklärunge wëllen. Si verlaangen och juristesch Konsequenzen. Et ass fir d‘éischte Kéier zanter dem Tëschefall vun Alaska Airlines, wou eng Boieng 737 Max eng Dier verluer hat, datt de Calhoun ëffentlech gehéiert gëtt.