arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Overshoot Day: Lëtzebuerg huet seng Ressourcë fir d'Joer verbraucht

Ressourcen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Overshoot Day: Lëtzebuerg huet seng Ressourcë fir d'Joer verbraucht

Et ass eng negativ Podiumsplaz: Lëtzebuerg erreecht um 17. Februar als zweet Land weltwäit säi sougenannten Overshoot Day. No nëmmen 48 Deeg vum Joer wären d'Kapazitéite vun der Welt opgebraucht, wann déi ganz Mënschheet esou liewe géif wéi mir hei am Land.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Overshoot Day | © Margot Richard / Unsplash
Overshoot Day (Foto: Margot Richard / Unsplash)

An där Hitparad steet just de Katar méi schlecht do: Deen huet de 4. Februar ewell säin “Iwwerschossdag” erlieft.

Dänemark kënnt als nächst

All Joer ginn d’Overshoot Days vu Länner ronderëm de Globus publizéiert. Zu hirer Berechnung kënnt et schonn Enn Dezember vum Joer virdrun. Reell Donnéeën, respektiv virleefeg Schätzungen dofir gi meeschtens op d’Joer nach virdrun zeréck: Am aktuelle Fall wier dat also op d’Joer 2024.

D’Overshoot Days fir 2026 gëlle fir am Ganze 86 Länner an och fir d’Europäesch Unioun mat hire 27 Memberlänner. 

Déi nächst schlecht Schüler aus europäescher Siicht sinn d’Dänen, déi den 20. Mäerz hiren “Iwwerschossdag” erreechen.

Bangladesch weltwäit beschte Schüler

Déi bescht europäesch Schüler sinn Ungarn, déi eréischt de 24. Juni hiren Overshoot Day hunn. Am Géigesaz dozou erreecht Bangladesch just 46 Prozent vu sengem Potenzial vun engem Joer an ass domat de beschte Schüler weltwäit. Länner wéi zum Beispill Zypern, Holland a Slowenie sinn hirersäits op Grond vun Donnéeën, déi feelen, net opgelëscht. Dobäi hunn eng Rëtsch vun deene Länner am Verglach zu hirer Gréisst vill Handelsrelatiounen.

Hëlt een d’Resultater vu Lëtzebuerg eleng, da verbrauche mir pro Joer u sech dat, wat 7,7 Äerden eis géifen zur Verfügung stellen. Wëllt een d‘Evolutioun positiv gesinn, dann huet de Grand-Duché dëst Joer fir säin Overshoot Day een Dag méi laang gebraucht wéi zejoert, op Grond vu Verännerungen am Verbrauch. Mee dat ass just eng Plooschter op en hëlzent Been.

play_arrow Lauschteren