D’Joe vun Deieren tëschent Sonnenënnergank a Sonnenopgank soll an Zukunft erlaabt ginn, fir de Wëldbestand besser ze reguléieren. En ze héije Wëldbestand wier nämlech ee Grond fir krank Bëscher, esou d’Conclusioun vum Juegd- a Bëschdësch leschte Freideg.
Dat géif awer net heeschen, datt wéinst deem neie Gesetz elo systematesch an der Nuecht géif gejot ginn, seet de Marc Reiter am 100,7-Interview.
“Et ass elo keen, deen esou drop brennt, fir seng Nuechten op engem Héichsëtz ze verbréngen. Et ass eben ëmmer der Situatioun geschëlt. Wann Dir elo éierens e massive Problem hutt, dann ass dat eng Saach, déi Iech trotzdeem hëlleft, fir dee Moment anzegräifen.”
Dat wier awer just punktuell. Et wier awer net esou, wéi wann elo am ganze Land nuets Jeeër op den Héichsëtz sëtze géifen, esou de Marc Reiter.