Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Glok, Timothy Clerkin - E - Theme

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ordre des architectes: D'Zäite vum "Allrounder-Gemengentechniker" sinn eriwwer

Gemengen

Ordre des architectes: D'Zäite vum "Allrounder-Gemengentechniker" sinn eriwwer

De Profil vum Gemengentechniker ass zanter de leschte Jore méi komplex ginn a freet no méi Spezialiséierungen. D’Konzept vum “Allrounder-Aarbechter", deen all d'Kompetenzen ofdeckt, wier dofir ze hannerfroen, esou d’Michelle Friederici, Presidentin vum OAI. Si fuerdert een Ëmdenke vun de Gemengen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Gemengentechniker | © Ryan Ancil / Unsplash play_arrow
Foto: Ryan Ancill / Unsplash

Text: Lucie Wahl

Den Emile Eicher, President vum Gemengesyndikat Syvicol, huet an engem Interview erkläert, datt et ëmmer méi schwéier fir d’Gemenge wier, qualifizéiert Architekten, Ingenieuren an Informatiker ze fannen. Als Léisungsvirschlag proposéiert de President vum Syvicol, datt sech kleng Gemengen organiséiere sollen, fir gemeinsam Personal anzestellen. 

De Marché wier enk, an et wier net ëmmer méiglech, déi betraffe Plaze mat den néidege qualifizéierte Leit ze besetzen.

E breet Beruffsfeld

D'Michelle Friederici, d'Presidentin vum Ordre des architectes et des ingenieurs-conseils, gëtt zou, datt et e Mangel u spezialiséierte Gemengentechniker gëtt. Mee si weist drop hin, datt et aner a méi nohalteg Léisunge misste ginn, fir d'Gemengen ze entlaaschten.

"Eisen Domaine ass sou vaste, a wann een awer mat eis schwätzt, mir wësse jo en avance, wat alles op eis duerkënnt. Et kann ee lo als Gemengemammen a Gemengepappe jo sech net sou an engem Domaine spezialiséiere fir wierklech ze wëssen: 'Mir brauche lo eng Persoun op deem Posten.'"

Mat der Weiderentwécklung a Moderniséierung vun de Gemenge ginn ëmmer méi Kompetenze gefrot. Eng "Allrounder"-Expertin oder Expert, déi eventuell aus budgetäre Grënn eleng bleift, kann dësen Aufgaben ëmmer manner gerecht ginn.

Liewensstil vun de Leit huet sech geännert

Den Impakt wiere Retarden an d'Tatsaach, datt déi Allrounder-Persoun iergendwann eng Kéier iwwerfuerdert wier, well méi vun hir verlaangt gëtt, wéi si ka bréngen, esou d'Michelle Friederici.

"Et ass lo ëmmer op Allrounder gesat ginn, wat jo och richteg war. Et huet jo ëmmer sou funktionéiert, mee dat funktionéiert net méi sou. Och bei eis, wa Leit a Pensioun ginn, gi si schonn deelweis duerch puer Leit ersat, well och de Liewensstil vun de Leit ass anescht. Et kann een eng Persoun astellen, awer dann ënnerstëtzend an trotzdeem nach aner Servicer vläicht extern ofdecken."

De Manktem vu qualifizéierte Personal ass deemno e Problem, deen en Ëmdenke vun de Gemenge fuerdert. D'Presidentin vum OAI ass awer optimistesch, datt een déi Situatioun, zesumme mat de Gemengen, an de Grëff kritt.

Lauschterenplay_arrow