search

/ Optakt vu Prozess géint Myanmar: Reproche vu Genozid u Rohingya-Minoritéit

Internationale Geriichtshaff

|
headphones

1 min

Optakt vu Prozess géint Myanmar: Reproche vu Genozid u Rohingya-Minoritéit

Gambia hat als éischt Land de Myanmar op d‘UNO-Geriicht zu Den Haag geholl. Duerno hunn sech eng Partie weider Länner ugeschloss. 2017 waren Honnertdausende Rohingya wéinst der bluddeger Repressioun vun der Arméi a Myanmar geflücht.

headphones

1 min

© EPA/PHIL NIJHUIS
(Foto: EPA/PHIL NIJHUIS)

Iwwer eng Millioun Mënsche vun der Minoritéit liewen haut a Campen am Bangladesch.

Dëse Prozess kéint e Prezedenzfall schafen. Südafrika huet Israel och wéinst Genozid un der palestinensescher Populatioun an der Gazasträif virum UNO-Geriicht ugeklot.