Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Oppositiounsparteie vun Hesper fuerderen Erkläerung an Entschëllegung am Gemengerot

No vill kritiséierten Aussoen

Oppositiounsparteie vun Hesper fuerderen Erkläerung an Entschëllegung am Gemengerot

No de vill kritiséierten Aussoe virun zwee Deeg vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies op de soziale Medien, reagéieren elo och déi dräi Oppositiounsparteien am Hesper Gemengerot, déi Gréng, d’LSAP an d’Piraten an engem Schreiwes.

auto_stories

1 min

De Marc Lies hat op Facebook op de Message vun engem Hesper Bierger reagéiert, dee fënnef Hénger gekäppt a geklaut kritt hat. Doran hat hien ënnert anerem op d’Politik vum fréieren Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn ugespillt.

Déi haasserfëllten an diskriminéierend Aussoen, wiere fir den éischte Bierger vun enger Gemeng, déi zu bal 60 % aus Net-Lëtzebuerger Bierger mat iwwer 128 Nationalitéite géing bestoen, inakzeptabel, kritiséieren déi dräi Oppositiounsparteien aus dem Hesper Gemengerot.

Si fuerderen, datt den CSV Député-Maire sech ëffentlech an der nächster Gemengerotssëtzung erkläert an entschëllegt. Weider misste konkret Moossname geholl ginn, fir datt esou eppes an Zukunft net nach eng Kéier geschitt.