search

/ No Zuchaccident an Andalusien: Spuenie rifft 3 Deeg Staatstrauer aus

41 Doudeger

|
headphones

2 min

No Zuchaccident an Andalusien: Spuenie rifft 3 Deeg Staatstrauer aus

De spuenesche Premier Pedro Sanchez huet dräi Deeg Staatstrauer nom déidlechen Zuchaccident vum Sonndegowend ugekënnegt. Iwwerdeems versprécht hien „absolut Transparenz“ iwwert d‘Ursaach vum Accident.

headphones

2 min

© EPA/GUARDIA CIVIL HANDOUT
(Foto: EPA/GUARDIA CIVIL HANDOUT)

D‘Enquête leeft: De President vun der spuenescher nationaler Zuchgesellschaft huet mënschleche Feeler awer scho quasi ausgeschloss. Den Transportminister schwätzt sengersäits vun engem „extreem bizarren“ Accident.

Bilan kéint weider klammen

Engem leschte Bilan no sinn 41 Leit gestuerwen. De spueneschen Transportminister huet awer gewarnt, datt de Bilan nach kéint klammen – op d‘mannst 150 Persounen si schwéier blesséiert ginn. 43 Passagéier gi nach ëmmer vermësst.

Bis elo ass just kloer datt en Iryo-Héchstgeschwindegkeetszuch vun der italieenescher Gesellschaft Trenitalia, deen ënnerwee vu Malaga op Madrid war, bei enger Geschwindegkeet vun 300 Kilometer an der Stonn, entgleist a mat engem entgéintkommenden Zuch vun der  Bunn-Gesellschaft  Renfe kollidéiert war.

Éischten Erkenntnisser no war den hënneschten Deel vum Iryo-Zuch entgleist an huet de Renfe-Zuch frontal esou ze pake kritt, datt déi éischt puer Waggone vun de Schinne geschleidert goufen an ee véier Meter déiwen Hang rofgefall sinn.

An den zwee Zich sollen sech zum Moment vun Ongléck 500 Passagéier befonnt hunn. D’Rettungsaarbechte sinn nach amgaangen an et gëtt mat weideren Affer an den Trümmer gerechent.

Streck, esou wéi Zuch, waren nei

De spuenesche Verkéiersminister Oscar Puente huet an engem éischte Statement vun engem "fatalen Zoufall" geschwat. De betraffenen Deel vun der Streck wier eréischt am Mee frësch gemaach ginn.  Op dem Deel vum Accident wieren iwwerdeems keng Kéieren. Den Zuch, deen entgleist ass, war praktesch nei.

Fréistens an engem Mount gi mat éischte Resultater vun enger Enquête zur Ursaach gerechent. Wei laang d’Zuchstreck vu Madrid op Malaga gespaart bleift, ass momentan onkloer.

Ërennerungen un 2003

De Spuenesche Premier Pedro Sánchez ass ënnerwee op d’Plaz wou den Accident geschitt ass. An enger éischter Stellungnam sot hien, datt d’Land an déiwer Trauer wier.

D’Zuchongléck erënnert un d’Tragedie vum Juli 2013. Deemools war bei Santiago de Compostela en Héichgeschwindegkeets-Zuch entgleist. 79 Leit waren dobäi ëm d'Liewe komm.