Europa wier net esou ofhängeg, datt et alles schlécke misst, wat d’USA maachen. Där Meenung ass de fréiere gréngen Deputéierten an Ex-Verteidegungsminister François Bausch. Hie betount zwar och, datt Europa “net gutt opgestallt” wier, mee et kéint een awer net just nokucken an alles akzeptéieren.
“Wann dat Internationaalt Recht gebrach ginn ass, da muss een dat soen.”
USA sanktionéieren net de richtege Wee, mengt de François Bausch
Am 100,7-Interview erënnert de François Bausch dorun, datt dat internationaalt Recht op de Schierbelen opgebaut ginn ass, déi den Zweete Weltkrich hannerlooss huet. Et wier deemools dorëms gaangen, e Kompromëss ze fannen an e Mechanismus ze schafen, fir datt “d’Welt net permanent explodéiert”.
Wann dat Recht allerdéngs zerschlo géing ginn, da géing jidderee maachen, wat e wéilt, fäert dee fréiere Verteidegungsminister. Hie schwätzt an deem Kontext vun enger “Cowboys-Situatioun”.
Sanktioune géint d’USA ze verhänke wier allerdéngs net de richtege Wee, mengt de François Bausch. Et hätt kee Wäert, elo fir nach méi Polariséierung ze suergen.
Causa Grönland: Hoffen op de leschte Fonke Verstand
Wat awer maachen, wann den Donald Trump säin nächste Wonsch wouer mécht, a Grönland annektéiert?
Dës Deklaratioun vum US-President wier eng Katastroph, ënnersträicht de François Bausch.
Géing dat geschéien, esou wier dat eng enorm Provokatioun par rapport zu Grönland, Dänemark, an awer och der gesamter Weltgemeinschaft.
Hien hofft allerdéngs op de leschte Fonke Verstand bei den Amerikaner a bleift optimistesch, datt et net esou wäit komme wäert.
Eng nei Aufgab fir de fréieren Transportminister
Zënter September huet de fréiere grénge Minister en neien Job als Coordinateur fir den Atlantikkorridor vun den transeuropäeschen Transport-Reseauen. Konkreet geet et drëms, d’Transportweeër méi effizient ze gestallten. Dat gëllt fir d’Loft, Waasser, d’Schinn an d’Strooss.
Am Virfeld ass den europäesche Kontinent an 9 Korridoren ënnerdeelt ginn. Den Atlantikkorridor geet vun der portugisescher Küst duerch Spuenien, laanscht déi franséisch Atlantikküst, an da bis op Metz a Mannheim.
Europa soll besser connectéiert ginn, fir datt de Bannemaart besser funktionéiert. Dee kann nämlech just gutt lafen, wann den Transportreseau effikass ass.
Massive Réckstand wat d'Investissementer an d'Schinn ugeet
2024 sinn d’Reglementatiounen dozou nei geschriwwe ginn. Se wiere méi progressiv ginn, esou de François Bausch. Ënner anerem de Klimawandel an d’Dekarboniséierung wiere berücksichtegt ginn.
Vun den 1990er Jore bis an 2010er Jore wier d’Strooss prioriséiert ginn, mierkt de François Bausch un. Doduerch wier de Schinnereseau aktuell ënner-investéiert.
“De Réckstand vun Investissementer an der Schinn ass gigantesch.”
Zu den Defien am Schinnennetz gehéieren d’Harmoniséierung vun den technesche Standarden, d’Digitaliséierung, d’Lächer am Reseau ze stoppen an d’Capacitéit weider ze erhéijen.
Mee virun allem am grenziwwerschreidende Beräich géingen et grouss Lächer ginn, seet de François Bausch. Dofir géingen dës Projeten aktuell och vun der Kommissioun gepuscht ginn.
Spuenien als dat grousst Virbild
De François Bausch gesäit Spuenien als Virbild. D’Iberer hätten een ambitiéise Programm, dee well an 10 Joer wäert ofgeschloss sinn. Bis dohi garantéiere si all Spuenier, maximal eng Stonn vun enger Gare mat Uschloss un den Héich-Vitesse-Reseau ze hunn.
Gläichzäiteg géinge si awer och net vergiessen, déi regional Strecken ze erweideren an ze moderniséieren.
Et missten awer virun allem nei Strecke gebaut ginn. Net just fir de Persouneverkéier, mee och fir de Gidderverkéier. Ënner anerem a Frankräich hätt dat nach net jiddereen akzeptéiert, seet de François Bausch.
Mee datt et esou lount an den Transport ze investéieren, géing op en Neits Spuenie weisen, där hire PIB sech an de leschte Joren enorm entwéckelt huet.
Proposen un d'EU-Kommissioun maachen
An deem Kontext besteet dem François Bausch seng Aufgab elo doranner eng Bestandsopnam ze maachen. Den Haaptreseau mat Strecke wéi Lissabon-Madrid, oder Paräis-Roum soll bis 2035 fäerdeg sinn. E sekundäre Reseau bis 2040. Dozou hunn déi europäesch Staate sech engagéiert.
De François Bausch muss der EU-Kommissioun Rapport maachen iwwer d’Progrèsen, Schwieregkeeten, an eventuell nei Prioritiséierunge proposéieren.