Anescht géifen nämlech Russland oder China Grönland huelen. A si, d'Amerikaner, wéilte weeder Russland, nach China als Noper.
Déi fënnef Parteien aus dem grönlännesche Parlament hunn an enger gemeinsamer Erklärung zum Dossier ofgewénkt. Si fuerderen d'Amerikaner op, mat hirer "Geréngschätzung par rapport zu Grönland" opzehalen.
Si ënnersträichen, datt d'Zukunft vu Grönland weeder vun den USA, nach vun Dänemark decidéiert gëtt, mee just vun de Grönlänner selwer.