Gëschter um Dënschdeg hat den Donald Trump deen neie Poste vun engem Spezialemissär fir Grönland annoncéiert. De Gouverneur vu Louisiana Jeff Landry gouf op de Posten nominéiert. Och hie sot, Grönland misst Deel vun den USA ginn.
Den Donald Trump sot, dat wier net wéinst de Mineralien an dem Pëtrol a Grönland. D‘USA géife Grönland fir hir national Sécherheet brauchen.
Et wiere vill Schëffer aus Russland a China an der Géigend vu Grönland, huet den USA President behaapt.
"Trump Class"-Krichsschëffer
An a propos Schëffer: Den Donald Trump huet de Bau vun engem neie Modell vu Krichsschëffer ugekënnegt. Déi Schëffer sollen säin Numm kréien an als "Trump Class" bezeechent ginn.
D‘USA géifen elo zwee där Kampfschëffer bauen. Duerno sollen et der 25 sinn.
Dem Donald Trump no sollen déi nei Kampfschëffer déi gréisst an déi stäerkst op de Welt ginn.