arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationalstreik an der Belsch huet Auswierkungen op Zuchverkéier zu Lëtzebuerg

CFL deelt mat

|
headphones

1 min

Nationalstreik an der Belsch huet Auswierkungen op Zuchverkéier zu Lëtzebuerg

Déi nächst dräi Deeg ass d'Belsch mat gréissere Perturbatioune konfrontéiert, ënner anerem am Zuchverkéier. Déi belsche Bunn huet um Sonndegowend mat streiken ugefaangen. Aner ëffentlech Transportgesellschafte schléissen sech un. Den Zuchverkéier tëschent Lëtzebuerg an der Belsch ass dovu betraff.

headphones

1 min

Schinnen | ©  Nick Fewings
Schinnen (Foto: Nick Fewings)

Op dräi Linne mussen d‘Passagéier bis e Mëttwoch mat Verspéidungen an Annulatioune rechnen, esou d‘CFL. Betraff sinn d‘Strecken tëschent Lëtzebuerg an Arel, Lëtzebuerg-Athus, a Lëtzebuerg-Gouvy. Tëschent Ëlwen a Gouvy wäerten déi nächst dräi Deeg guer keng Zich fueren. Alternative kéinten do den Ament net ugebuede ginn, esou d‘CFL.

Net nëmmen d'Bunn streikt

An der Belsch sollen der SNCB no nëmmen all zweeten oder drëtten Zuch fueren. Eng Partie Eurostar-Zich tëschent Bréissel a Paräis goufen och annuléiert. Muer um Dënschdeg, sollen d‘ëffentlech Servicer sech dem Streik uschléissen - dorënner Schoulen, Crèchen a Klinicken. E Mëttwoch ass nach en inter-professionelle Streik geplangt. Och de Fluchverkéier wäert staark betraff sinn. Op den zwee Haapt-Flughäfe Bréissel a Charleroi sollen iwwermuer guer keng kommerziell Flich starten.

D‘Gewerkschaften hunn zu dësem nationale Streik opgeruff fir géint geplangte Spuermesurë vun der Regierung vum Bart de Wever ze protestéieren.