arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Streik um Flughafen zu Barcelona kéint och Impakt op Luxair-Clienten hunn

Mobilitéit

|
reading time

1 min

Streik um Flughafen zu Barcelona kéint och Impakt op Luxair-Clienten hunn

Wéinst engem Streik vum Buedempersonal um Flughafe vu Barcelona, deen de véierten August ugefaangen huet, ginn et och Konsequenze fir d’Passagéier vun der Luxair. D’Operatioune fir d’Registréieren, d’Ofgi vum Gepäck an dem Embarquement um Flughafe vu Barcelona kéinte méi laang dauere wéi soss.

reading time

1 min

© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Dofir ass et d’Recommandatioun vun der Luxair op mannst dräi Stonne virum Depart um Flughafen ze sinn.

Am Prinzip géifen all d’Luxair-Flich a Richtung oder vu Barcelona bäibehale ginn, och wann et zu Retarde kéint kommen, esou d’Luxair an engem Communiqué