arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz neien Annoncë vun der Regierung: Zweete Streikdag haut an der Belsch

3 Deeg Steik an der Belsch

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Trotz neien Annoncë vun der Regierung: Zweete Streikdag haut an der Belsch

D'Belsch steet virum zweeten Dag, un deem gestreikt gëtt. Dat trotz neien Annoncë vun der Regierung. Den Héichpunkt vum Streik ass iwwerdeems och nach net erreecht.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Iwwer déi dräi Deeg ass et - a wäert et nach - zu villen Zuchausfäll an der Belsch kommen. | © EPA/OLIVIER HOSLET
Iwwer déi dräi Deeg ass et - a wäert et nach - zu villen Zuchausfäll an der Belsch kommen. (Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

An der Belsch ass haut um Dënschdeg den zweeten Dag vum Streik vun am Ganzen 3 Deeg. D‘Annonce vun der belscher Regierung gëschter, si hätt en Accord iwwer de Budget fonnt mat geplangte Spuermesurë vu ronn 9 Milliarden Euro, huet d‘Gewerkschaften net berouegt.

Am Géigendeel: De Streik wier elo méi gerechtfertegt wéi jee, heescht vun der belscher Gewerkschaftsfront.

Zuchstrecke Lëtzebuerg-Belsch och betraff

Nieft de Perturbatiounen am ëffentleche Verkéier, wou de Streik gëschter um Méindeg ugefaangen hat, kommen haut Schoulen, Crèchen, Spideeler an aner ëffentlech Servicer derbäi.

Muer um Mëttwoch ass de gréisste Streikdag virgesinn. Dat bréngt mat sech, datt et zënter gëschter och bei den Zuchverbindungen tëschent Lëtzebuerg an der Belsch Annulatiounen a Verspéidunge ginn.

Weider Detailer zum Streik an der Belsch huet eis Korrespondentin Agathe Cherki.

play_arrow Lauschteren