Radioen

On air

9 bis 1  |  Amy Winehouse - Love Is A Losing Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Once Only": Administrativen Opwand soll miniméiert ginn

Digitaliséierung

"Once Only": Administrativen Opwand soll miniméiert ginn

Bei alle Ministèren, Verwaltungen a Gemenge soll de Prinzip vum “once only” an Zukunft obligatoresch ginn. Dat huet d’Digitaliséierungsministerin um Donneschdeg ugekënnegt. D’Stéphanie Obertin hofft op eng “grouss administrativ Vereinfachung”, wa Bierger an Entreprisen hir Donnéeën nëmmen nach eemol mussen uginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© MinDigital play_arrow
Foto: MinDigital

Déi geplangte gesetzlech Basis dofir gouf haut presentéiert.

Administrativ Hürde sollen ofgebaut ginn: dat huet d’Ministerin Stéphanie Obertin an Aussicht gestallt. D’Aféierung vum “once only” Prinzip steet am Regierungsprogramm a gouf an der Ried zur Lag vun der Natioun d’lescht Woch confirméiert.

Prinzip gëllt fir all d'Beräicher

De Prinzip gesäit vir, datt Administratiounen, déi perséinlech Donnéeën iwwer Privatleit oder Betriber hunn, déi mat aneren Administratiounen deelen.

„Falls dës Donnéeën néideg si fir d’Beaarbechtung vun enger Demarche, déi vum Bierger oder vum Betrib lancéiert gouf.“

Dat géif an alle Beräicher gëllen, huet d’Ministerin preziséiert. Et soll net méi um Bierger sinn, Dokumenter ëmmer erëm anzereechen. Gläichzäiteg ass virgesinn, datt de Staat méi pro-aktiv soll ginn, huet d’Stéphanie Obertin ugekënnegt.

Verwaltunge sollen Initiativ ergräife kënnen

D‘Verwaltunge sollen domat och d‘Méiglechkeet hunn d‘Initiativ ze ergräifen an de Leit oder Betriber matzedeelen, wa se en Urecht op bestëmmten Hëllefen hunn.

Wéini all dës Vereinfachunge fir Bierger an Entreprisë kommen, konnt d’Ministerin nach net soen. Am Gesetzprojet wier och keen Zäitplang virgesinn, wéini d’Verwaltungen technesch prett dofir misste sinn.

Projet "eWallet" gouf zeréck gezunn

An d’Ministerin Stéphanie Obertin huet haut op eis Nofro hi confirméiert, datt de Projet vun engem lëtzebuergeschen “eWallet” zréck gezu gouf. Ee Projet, dee viru gutt engem Joer op den Instanzewee geschéckt gi war.

Et wéilt een elo direkt op de Wee vum “europäeschen eWallet” goen, deen hoffentlech 2026 soll kommen, huet d’DP-Politikerin preziséiert.

Mam nationale Pilotprojet hätt sollen een “digitale Portmonnie” geschafe ginn: domat hätten d’Bierger:innen hir Carte d’identité oder hire Führerschäin op hirem Smartphone kënne späicheren.

Lauschterenplay_arrow