Radioen

On air

Concert  |  Eng musikalesch Rees duerch de Sonnesystem

play_arrow Live
search

/ Offiziell: Mark Rutte gëtt neien NATO-Generalsekretär

Nofollger vum Jens Stoltenberg

Offiziell: Mark Rutte gëtt neien NATO-Generalsekretär

Elo ass et offiziell: De Mark Rutte ass neien NATO-Generalsekretär. De fréieren hollännesche Premier ass de Moien zu Bréissel vun den 32 NATO-Länner als Successeur vum Jens Stoltenberg nominéiert ginn, deen 10 Joer laang un der Spëtzt vun der NATO stoung.

auto_stories

1 min

De 57 Joer ale Mark Rutte soll ufanks Oktober den neie Posten untrieden. Säi Kontrakt leeft iwwer 4 Joer.

De Rutte war 14 Joer laang Premierminister an Holland a war domat den déngschteelste Regieurngschef an der EU.