Gëschter Owend koum et am Senat zum decisive Vote, dat nodeems ee Wuert am Gesetzestext fir vill Diskussioune gesuergt hat. Elo muss just nach de Congrès gréng Luucht ginn.
267 Jo-Stëmme géigeniwwer 50-Nee Stëmmen, wat laang no enger Zidderpartie ausgesinn hat, war um Enn dann dach eng däitlech Victoire fir d’Regierung an déi, déi d’Ofdreiwung - op franséisch IVG - an der Konstitutioun verankere wëllen. De Justizminister Eric Dupond-Moretti huet sech nom Vote erliichtert gewisen.
"Ce vote est historique. Ce vote au fond, redit pour ceux qui ne le sauraient pas encore, que les femmes de ce pays, sont libres.”
Droite huet de Schratt onnéideg fonnt
D’Diskussiounen am Virfeld waren hëtzeg. D’Droite, déi am Senat an der Majoritéit ass, huet ëmmer nees ënnerstrach, datt d’Ofdreiwung net a Gefor wier, an dëse Schratt dofir onnéideg. De Justizminister sot et misst een awer just a Richtung USA, Polen oder Ungarn kucken, fir ze gesinn, wéi séier dat changéiere kann.
Eng konstitutionell Verankerung wier virun allem eng Ofsécherung.
“On n’écrit pas seulement la constitution pour le présent. Mais d’abord et surtout, pour l’avenir. Certains affirment que l’IVG ne serait pas menacée. Tant mieux s’ils ont raison. Et si l’avenir leur donnait tort, mesdames et messieurs les sénateurs, ils seraient trop tard.”
D’Senatrice Dominique Vérien sot, et dierft een net naiv sinn a gleewen, datt a Frankräich keng Gefore fir d’IVG géinge laueren.
“Ne péchons pas par excès de naïveté. La France aussi est permeable à ces manoeuvres”
Kritik wéinst terme “liberté garantie”
Am Text vun der Regierung gëtt d’Ofdreiwung als “liberté garantie” festgehalen, dat huet bei de Konservativen fir Kritik gesuergt, dësen Terme wier juristesch onkloer definéiert a géing duerch den Zousaz “garantie” dës Fräiheet vun aneren ënnerscheeden.
Déi konservativ Senatrice Agnès Canayer huet beim Debat am Senat doru gezweifelt, datt d’Inscriptioun an d’Konstitutioun d’Ofdreiwung komplett protegéiert.
“Notre loi fondamentale a déjà été révisée 24 fois et un changement de régime n’est jamais impossible. La consécration constitutionnelle ne donnera donc aucune garantie juridique absolue et encore moins une protection renforcée.”
Gabriel Attal: Historeschen Dag
De President Macron huet sech nom Vott felicitéiert, de Premier Gabriel Attal huet vun engem historeschen Dag fir d’franséischt Parlament geschwat. Fir d’sozialistesch Senatrice Laurence Rossignol ass et och e staarkt Signal un d’Frae weltwäit.
Nächste Méindeg ass et dann de finale Vott vum Congrès, hei ass awer net méi mat Changementer ze rechnen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.