Och d‘Bedeelegung vum Bierger u Klimaprojete wier positiv ze gesinn. Et géif een awer och de Schutz vun der Biodiversitéit am Ae behalen. Wichteg wier donieft d‘Eropsetze vun der CO2-Tax an d‘Ofschafe vu Subside fir fossil Brennstoffer.
Méi kritesch gesäit den Observatoire d‘Pläng vum Ausbau vum Stroossereseau an d‘Opmaache vun de Perimeteren. Domadder géif weider Landfläch versigelt ginn.