Déi Lëtzebuerger Arméi wier eng Arméi vu Fräiwëllegen, huet d’Ministerin ënnerstrach. Een obligatoresche Militärdéngscht wier net am Regierungsprogramm virgesinn, huet d’Yuriko Backes widderholl, an e wäert net agefouert ginn.
Net déi néideg Infrastruktur
De Spriecher vun der DP-Fraktioun Guy Arendt war der Meenung, datt esou eng Aféierung fir de Moment net néideg wier.
"D’DP schwätzt sech ganz kloer géint eng Introductioun vun engem obligatoresche Militärdéngscht aus."
Dee Wee zu méi Personal fir d’Arméi soll och no Meenung vum Koalitiounspartner CSV net iwwer den obligatoresche Militärdéngscht goen, huet den Deputéierten Alex Donnersbach erkläert.
"Wou all Jonken hei am Land an der Arméi säin Déngscht misst leeschten. Engersäits verfüügt eis Arméi net iwwer déi néideg Infrastrukture fir esou vill Leit gläichzäiteg ze trainéieren. Anerersäits wëlle mir als Gesellschaft och eis Bierger net forcéieren, géint hire Wëllen ee Militärdéngscht ze leeschten."
Net am Intérêt vun deene Jonken
Och d’LSAP bleift géint een obligatoresche Militärdéngscht, esou d’Deputéiert Liz Braz an der Chamber.
"Den obligatoresche Militärdéngscht, dat ass eng massiv Aschränkung an d’Grondrechter. D’Selbstbestëmmung huet bei eis, och duerch d’Verfassung, den ieweschte Stellewäert."
Den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum huet sech an der Debatt och méi generell mat de Perspektiven, Ängschten a Problemer vun deene Jonken hei am Land beschäftegt.
"Ech mengen, dat Lescht, wat Jonker haut brauchen, ass ganz Joergäng ze zwéngen, och nach een halleft oder ee Joer ze verléieren, fir am Éislek duerch de Bulli ze robben."