Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL an LCGB mat Kritik un der Sozialministesch Martine Deprez

Pensiounssystem

OGBL an LCGB mat Kritik un der Sozialministesch Martine Deprez

Den OGBL an den LCGB kritiséieren, datt d‘Sozialministesch Martine Deprez méiglech Mesuren ausschléisse géif, fir de Plaffong vun de Cotisatiounen am Pensiounssystem eropzehiewen, an dat ier de Consultatiounsprozess iwwerhaapt ugefaangen huet.

auto_stories

1 min

Martine Deprez | © Florian Rogner
Foto: Florian Rogner

Hannergrond ass der Ministesch hir Äntwert op eng parlamentaresch Fro, an där si ee Plus vun iwwer 700 Milliounen Euro duerch den Deplafonnement confirméiert huet, mee dës Hausse vun de Recetten awer och relativiséiert huet, mat Bléck op déi zousätzlech Staatskäschten.

D'Gewerkschafte kritiséiere weider an engem Communiqué, datt dës Ausso am Widdersproch stéing zu deem, wat d‘Sozialministesch dem OGBL an dem LCGB virun enger Woch gesot huet.

Do hätt d‘Martine Deprez nach ënnerstrach, ouni virgefaasste Positioun an d‘Gespréicher ze goen. Elo stellen d‘Gewerkschaften d‘Consultatioune ronderëm eng Pensiounsreform a Fro.