Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Immigratiounsreform: Pläng vum franséischen Inneminister stoussen op Kritik

Frankräich

Immigratiounsreform: Pläng vum franséischen Inneminister stoussen op Kritik

Frankräich wëll Ufank nächst Joer seng Immigratiounspolitik reforméieren. De konservativen Inneminister Bruno Retailleau huet de Moien op France 2 annoncéiert, wou de Fokus beim neie Gesetz soll léien. Schonn elo muss hien awer vill Kritik astiechen. Och vum Regierungspartner.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

Max Tholl (Paräis)

De Bruno Retailleau huet éischt Detailer iwwer seng Pläng verroden. Sou solle stroffälleg oder geféierlech Leit ouni Openthaltserlabnis méi laang kënnen inhaftéiert ginn, a spezielle Fäll bis zu 210 Deeg amplaz 90 Deeg, éier si expulséiert ginn. Sollten Hierkonftslänner net kooperéieren, fir hir Ressortissanten nees opzehuelen, misst een Drockmëttel asetzen, zum Beispill eng Kierzung vun der Entwécklungshëllef, sou de Retailleau.

Och wëll hien, datt den irregulären Openthalt nees eng Strofdot gëtt, de Regroupement familial erschwéieren an och den Usproch vu Flüchtlingen op eng medezinesch Versuergung a Frankräich reforméieren. Dat soll dozou féieren, datt d’Land manner attraktiv gëtt fir irregulär Migratioun.

Verschidde Mesurë goufe rejetéiert

Bal all vun de Mesuren, déi de Retailleau proposéiert, waren och schonn Deel vun der leschter Immigratiounsreform am Januar. Deemools hat de Conseil constitutionel awer verschidde Mesuren als net verfassungskonform rejetéiert. Dem Retailleau no, war dat awer éischter e Problem vun der Form, net dem Inhalt. 



Déi lescht Immigratiounsreform hat besonnesch am Lager vum President Macron fir vill intern Tensioune gesuergt. De fréiere Premier Gabriel Attal sot gëschter, een néit Immigratiounsgesetz wier keng Noutwendegkeet. De Moie sot och den Industrieminister et sollt ee fir d’éischt déi existéierend Gesetzer ëmsetzen, éier een néier opstellt.

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft