Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Julian Assange schwätzt eng éischte Kéier virum Publikum

Zënter senger Fräiloossung

Den Julian Assange schwätzt eng éischte Kéier virum Publikum

Am Europarot ass dëse Moien ee besonneschen Invité um Riednerpult. De Wikileaks-Grënner Julian Assange äussert sech hei fir eng éischte Kéier zanter senger Fräiloossung.

auto_stories

2 min

Julian Assange | © Wikileaks / X
Foto: Wikileaks / X

D‘Justizkommissioun vum Europarot mat Sëtz zu Stroossbuerg huet déi Unhéierung organiséiert, iwwer dem Julian Assange seng Erliefnisser am Prisong.

Hie war am Ganze 14 Joer laang. Fir d'éischt hat hie sech an der Botschaft vum Ecuador zu London verschanzt. An do ass hien dann 2019 festgeholl ginn, fir dann an en Héichsécherheetsprisong och an der brittescher Haaptstad ze kommen, wou hien dann agespaart war. Do wier hien 23 Stonnen den Dag an enger winzeger Zell agespaart.

Ofstëmmung vun der Justizkommissioun am Europarot

Dat heescht zu Stroossbuerg et geet dorëms ëm déi doten Erliefnisser am Prisong, mee eeben och generell ëm d'Behandlung vum Julian Assange duerch d'USA a Groussbritannien a virun allem, wat dat fir d'Mënscherechter bedeit. Dat ass nämlech och dat, wat déi Justizkommissioun vum Europarot do interesséiert. Déi wëll nämlech dozou eng Ofstëmmung maachen an der parlamentarescher Versammlung.

Fräiloossung no Deal mat USA

De Julian Assange ass fräikomm, nodeems een Deal mat der amerikanescher Justiz fonnt gouf. Hien huet sech schëlleg bekannt, Informatioune weiderginn ze hunn, déi fir déi national Sécherheet an den USA relevant waren. Hien hat jo 2010 op Wikileaks 700.000 vertraulech Dokumenter vum amerikanesche Militär publizéiert. 

Sécher ass awer och, datt déi amerikanesch Justiz eeben net op de Wee gaangen ass, souwéi et laang ausgesinn huet, fir him de Prozess ze maache wéinst Spionage. Dat hätten nämlech kënnen 175 Joer Prisong bedeiten, eppes, deem de Julian Assange dann also elo aus dem Wee konnt goen. Eng Konsequenz gëtt et awer nach. Sollt den  Assange wëllen an d‘USA areesen da geet dat nëmmen ,wann de Justizministère dat ausdrécklech erlaabt.

Aktualitéit
International
Politik a Gesellschaft