Radioen

On air

Concert  |  Déi véier Joreszäite mam Trio Con Brio Copenhagen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëffentlech Finanzen a Frankräich solle "sanéiert" ginn

No där éischter Regierungsdeklaratioun am Parlament

Ëffentlech Finanzen a Frankräich solle "sanéiert" ginn

Bis d‘nächst Joer soll de Staatsdefizit op 5 Prozent vum PIB erofgoen. Bis 2029 soll en dann erëm op enger Linn mat den europäeschen Engagementer sinn an deemno ënner 3 Prozent vum PIB falen. 

auto_stories

1 min

Michel Barnier | © picture alliance / ROPI | Cesareo/Fotogramma
Michel Barnier, franséiche Premier (Foto: Archiv)

Fir dat Zil ze areeche soll d‘nächst Joer virun allem bei den Depense gespuert ginn. Och um Steierhiewel soll ugesat ginn: grouss Entreprisen, déi grouss Profitter maachen, sollen hiren Deel bäidroen. An och déi räichst Fransouse sollen eng "exzeptionell Contributioun“ maachen, esou nach de Michel Barnier.