Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Belsch Kommunalwalen: Rietsextrem Partei kritt an enger Gemeng absolut Majoritéit

Belsch

Belsch Kommunalwalen: Rietsextrem Partei kritt an enger Gemeng absolut Majoritéit

No de Kommunalwalen an der Belsch gëtt d‘Stad Ninove, am Weste vu Bréissel, déi éischt belsch Gemeng, déi vun der flamännescher rietsextremer Partei Vlaams Belang regéiert gëtt. Hire Kandidat Guy D'haeseleer krut bal 48 Prozent vun de Stëmmen, dat si 7 Punkte méi wéi 2018. 

auto_stories

1 min

Belsch | © Patrick Robert Doyle
Foto: Patrick Robert Doyle

Och deemools hat hien an där Gemeng gewonnen, wéinst dem sougenannte „cordon sanitaire“, also dem prinzipielle Refus fir mat de Rietsextreemen zesummen ze schaffen, haten déi aner Parteien de Vlaams Belang awer an d‘Oppositioun gezwongen. De Guy D'haeseleer krut dës Kéier eng absolut Majoritéit, de cordon sanitaire wier domat an der Poubelle gelant, sot hie no senger Walvictoire. 

Zu Antwerpen huet de Bart De Wever gewonnen, Chef vun der konservativer flamännescher Partei N-VA. Dës Victoire verstäerkt seng Positioun als Favorit fir nächste belsche Premier ze ginn. De Bart de Wever gouf vum Kinnek mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptraagt, bei den Diskussioune gouf bis elo awer nach keen Accord fonnt.