Radioen

On air

Notturno  |  Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Oiseau Feat. Bertrand Belin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ OGBL: ArcelorMittal hält sech bis elo un den Tripartite-Accord LUX 2025

Stolindustrie

OGBL: ArcelorMittal hält sech bis elo un den Tripartite-Accord LUX 2025

Den Tripartite-Accord LUX 2025 gëtt vun ArcelorMittal bis elo agehalen. Dat hält den OGBL no enger Reunioun gëschter vum Comité de suivi vum Stol-Accord zeréck, deen am Januar 2021 ënnerschriwwe gi war.

auto_stories

1 min

Arcelor Mittal | © Bigstock / ricochet64

Bëssi manner wéi 3.200 Leit schaffen den Ament bei ArcelorMittal op de Sitte Belval, Déifferdeng, Dummeldeng, Rodange a Biissen. Bis Enn 2025 sollen et der nach 3.000 sinn.

Obwuel de Plazenofbau bei ArcelorMittal sou geplangt ass, hätt de Stolproduzent awer Probleemer, fir nei Salariéen ze fannen, sou den OGBL an engem Communiqué.

Paradoxerweis géif ArcelorMittal nei Salariéë sichen, wat mat der Reorganisatioun ze dinn hätt, an hätt do mat der Penurie u Main d‘oeuvre am Secteur ze kämpfen.

ArcelorMittal huet sech och engagéiert an den nächste 5 Joer tëscht 165 an 205 Milliounen Euro zu Lëtzebuerg ze investéieren. De Minimum wier schonn iwwerschratt, sou den OGBL, dee sech awer Suerge mécht ëm d‘Tréfilerie zu Bissen, wou bis elo nach näischt investéiert gi wier.