Deemno soll de weltwäite PIB dëst Joer em 2,9 Prozent eropgoen. Am November war een nach vun 2,7 Prozent ausgaangen. Déi méi staark Croissance wier awer nëmme méiglech wa keng nei geopolitesch Krise géingen opkommen, ënnersträicht d’OECD.
Déi international Organisatioun warnt awer och virun enger weiderer Hausse vun der Inflatioun, wann d’Attacke vun den Huthi-Rebellen op Handelsschëffer am Roude Mier weider unhalen. Den Trafic op der Handelsroute ass dem internationale Wärungsfong am Joresverglach ëm bal 30 Prozent gefall op Grond vun den Attacken zanter Mëtt November.